Matdeelung vun der Gemeng
E grousse Merci un eis Pompjeeën a Baueren!
E Sonndeg koum et zu engem Vegetatiounsbrand um Territoire vun der Gemeng Konsdref. D’Feier huet sech wéinst dem Wand séier vun engem Feld op den ugrenzende Bësch ausgebreet.
Dank dem séieren a koordinéierten Asaz vum CGDIS, dee mat engem grousse Kontingent aus verschiddene Gemengen op der Plaz war, konnt d’Situatioun séier ënner Kontroll bruecht ginn.
E ganz grousse Merci geet och un eis Baueren, déi ouni ze zécken mat Grubberen a Waasserfässer op d’Plaz komm sinn an d’Pompjeeën direkt ënnerstëtzt hunn. Duerch hiren schnellen an exemplareschen Asaz konnt verhënnert ginn, datt d’Feier sech nach weider ausbreet!
Dat Wichtegst: Et gouf keng Blesséierter.
Am Numm vum Schäfferot soe mir e ganz häerzleche Merci un all d’Pompjeeën, un eis Baueren an un all déi, déi um Asaz bedeelegt waren. Duerch äert Engagement, äre professionelle Asaz an äre staarke Solidaritéitsgeescht konnt Schlimmeres verhënnert ginn.
Merci fir ären aussergewéinlechen Asaz!
De Schäfferot
Communiqué de la commune
Un grand merci à nos pompiers et à nos agriculteurs !
Dimanche, un incendie de végétation s’est déclaré sur le territoire de la commune de Consdorf. Poussé par le vent, le feu s’est rapidement propagé d’un champ vers la forêt avoisinante.
Grâce à l’intervention rapide et parfaitement coordonnée du CGDIS, mobilisant d’importants moyens provenant de plusieurs communes, la situation a pu être maîtrisée dans les meilleurs délais.
Un grand merci également à nos agriculteurs, qui n’ont pas hésité à intervenir avec leurs déchaumeurs et leurs citernes d’eau afin de soutenir immédiatement les pompiers. Grâce à leur réactivité et à leur engagement exemplaire, il a été possible d’éviter que l’incendie ne se propage davantage.
L’essentiel est qu’aucune personne n’a été blessée.
Au nom du Collège des bourgmestre et échevins, nous adressons nos plus sincères remerciements à tous les pompiers, à nos agriculteurs ainsi qu’à toutes les personnes ayant participé à cette intervention. Grâce à votre engagement, votre professionnalisme et votre solidarité, des conséquences bien plus graves ont pu être évitées.
Un grand merci pour votre engagement exemplaire !
Le collège échevinal