Description
Dauer vum Cours: 16h
Säitdeem den Éischt Hëllefs Cours den 1. Juli 2018 vum CGDIS nei organiséiert gouf, entsprécht dëse Cours lo och a Lëtzebuerg dem Modell vum europäeschen First-Aid-Cours. Dat heescht, dass de Cours sech elo zu gutt 2/3 op praktesch Inhalter stëtzt an déi theoretesch Deeler mëttlerweil éischter d’Ausnam bilden.
D’Zieler vum Cours:
D’Participanten léieren…
- …dat séchert Verhalen op Accidenter.
- …wéi een e standardiséierten Noutruff beim 112 tätegt.
- …medizinesch Noutfäll richteg ze erkennen an anzeschätzen.
- …d’Versuergung vu Patienten a medezineschen Noutfäll bis d’Rettungsdéngschter op der Plaz sinn.
- …liewensbedrolech Bluddungen ze stëllen.
- …wéi ee Noutfallpatiente richteg tässelt.
A villes méi.
D’Inhalter vum Cours:
- Éischt Mesuren op Accidenter
- D’Versuerge vu Wonnen an den Ëmgang mat Verbänn
- Verbrennungen
- Bewosstlosegkeet a stabil Säitelag
- «Basic Life Support» mëttels Häerzmassage an dem Asaz vum automateschen externen Defibrillator (AED)
- Reanimatioun vu Kanner
- Engem accidentéierten Motard patientegerecht den Helm ausdoen
A villes méi.
Fir weider Informatiounen a Aschreiwung
https://cours.cgdis.lu/page/module/2428/FRE/index.html?cache=no