Déi éischt Energiekooperativ an der Regioun Mëllerdall

De 5. Februar 2020 hunn eng Partie engagéiert Bierger a Kommunalpolitiker aus dem Natur- & Geopark Mëllerdall eng Kooperativ ënnert dem Numm „Energiepark Mëllerdall“ gegrënnt. De Natur- & Geopark Mëllerdall, dat sinn 11 Gemengen (Bäertref, Bech, Beefort, Fëschbech, Fiels, Hiefenech, Iechternach, Konsdref, Noumer, Rouspert-Mompech a Waldbëlleg) mat insgesamt 256 kmFläch a ronn 25.500 Awunner.

Solarstroum um eegenen Hausdaach produzéieren war bis elo ee Privileg fir d’Besetzer vun engem Haus. Eng Tatsaach, déi sech duerch déi neigegrënnten Kooperativ „Energiepark Mëllerdall“ ännere kann. Elo kënnen all Awunner vum Natur- & Geopark mat enger Bedeelegung un enger gemeinsamer Photovoltaikanlag hire Bäitrag zum Geléngen vun der Energietransitioun leeschten an hir Bedeelegung och nach gewënnbréngend uleeën. D‘Sonn liwwert onendlech vill Energie. Dës Energie steet eis gratis, onbegrenzt an ëmweltfrëndlech zur Verfügung. Duerch d‘Photovoltaik gëtt si a propperen elektresche Stroum ëmgewandelt.

D‘Ziler vun der Kooperativ sinn:

  • D‘Ëmsetzen an d‘Entwécklen vu Projeten am Zesummenhang mat der Produktioun vun erneierbarer Energie mat der Bedeelegung vun de Bierger; d‘Aktivitéiten vun der Kooperativ sinn haaptsächlech d‘Produktioun, den Akaaf a Verkaaf vun erneierbarer Energie.
  • D’Förderen vun engem rationalen a verantwortlechen Ëmgang mat der Energie bei hire Memberen a bei alle Bierger
  • D‘Ënnerstëtzen vun de Memberen bei hirer energetëscher Wiel, verbonne mat der Ëmsetzung vun individuelle Léisungen vu Produktioun a Verbrauch vu nohalteger Energie, am Sënn vun der Gestioun vum Verbrauch, der Reduzéierung vun den Energiekäschten an der Verbesserung vum ekologesche Foussofdrock
  • D’Ureegen vun der Diskussioun iwwer d’Energie, wouduerch eng nohalteg Energiepolitik entstoe kann, wat dann och zu méi engem kollektive Sozialliewe féiert.

D‘Projeten gi prioritär um Gebitt vum Natur- & Geopark Mëllerdall realiséiert.

Den Energiepark Mëllerdall hëlleft mat sengen Aktivitéiten och dem Lëtzebuerger Staat seng Ziler a punkto Energie- a Klimapolitik ze erreechen. Lëtzebuerg verfollegt d‘Zil, den Undeel un erneierbarer Energie vun 11% am Joer 2020 op 25% bis zum Joer 2030 unzehiewen. 2014 louch den Undeel grad mol bei 4,5%.

Investéiert gi soll an d’Produktioun vun erneierbaren Energien wéi Sonn, Wand- an/oder Waasserkraaft a Biomass, awer och am Beräich vun der Energieeffizienz.

Iwwer eng Bestandsopnam vun de kommunalen Daachflächen bei deenen eenzelnen Gemengen si schonn eng ganz Rei Diech vu kommunale Gebaier fonnt ginn, wou eng Photovoltaikanlag installéiert ka ginn. Nach dëst Joer solle folgend Anlagen installéiert ginn: Bäertref – Daach vun der Kierch, Hiefenech – Daach vum Waasserreservoir, Konsdrëf – Daach vun der Sportshal, Zëtteg – Daach vun der Kläranlag.

Finanzéiert sollen déi Photovoltaikanlagen ginn duerch d’Kafen vun Undeeler zu je 100 € duerch  d’Bierger aus dem Natur-& Geopark Mëllerdall, déi doduerch Member an der Kooperativ ginn an hire Bäitrag zum Klimaschutz leeschten.

Dëst ass eng Initiativ, déi ugestouss gouf vum Natur- & Geopark Mëllerdall am Kader vum europäeschen Projet LIFE-IP ZENAPA a mat der finanzieller Ënnerstëtzung vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung a vun der Europäescher Unioun.

Dernière modification le 12.10.2021
Aller au contenu principal