Informations

Ugedriwwe vun enger ganz aktiver Integratiounskommissioun, mat fläisseger Bedeelegung vun der staark an eiser Gemeng vertruedener portugisescher Communautéit, huet de Konsdrefer Schäffen- a Gemengerot e Jumelage mat der Klengstad Nazaré an d’Weeër geleet.

Nazaré, eng portugisesch Touristen- a Fëschereistad vu ronn 15.000 Awunner ass och nach eeschtlech gepräägt als Pilgerstad duerch de Santuário de Nossa Senhora da Nazaré. D’Stad läit um Atlantik, ronn 100 Kilometer nërdlech vu Lissabon. Et ass keen Zoufall, datt grad Nazaré fir e Jumelage ausgewielt gouf. Effektiv kommen eng ganz Rei vun de Konsdrefer portugisesche Matbierger aus dëser heemeleger Stad oder aus hirer noer Ëmgéigend.

Eng gréisser Delegatioun huet ufanks September 2017 d’Konsdrefer Gemeng an aner enk mat hir verbonnen Institutiounen zu Nazaré virgestallt. Nom häerzlechen Empfank duerch de Buergermeeschter Walter Chicharro gëtt um Samschdeg Nomëtteg vum 9. September 2017 den offiziellen Akt agelaut.

 

Dernière modification le 14.07.2020
Aller au contenu principal