
Du sichs nach eng flott Aktivitéit? De Kanner- a Jugendchouer Konsdref prouft fir déi nei Saison a brauch nach Verstäerkung 💪.
Déi 1. Prouf ass Freides de 16. September vu 16h30 – 17h15 fir de Kannerchouer a vu 17h15 – 18h50 fir de Jugendchouer. D’Prouf fënnt statt zu Konsdref am Proufsall bei der aaler Post ënnert der Leedung vum Marc Loewen. Mell dech einfach op der E-mail: kajuconsdorf@gmail.com oder um Tel 691790414. Weider Infoen fënns du um Facebooksite: Kanner- a Jugendchouer Konsdref. Mir freeën eis alleguer mat dir zesumme ze sangen🎶🎹😲