Informatiounsversammlung zum Thema Energie Gemeinschaften den 11. Februar 2025 um Kuerzwénkel
D’Gemeng an Zesummenaarbecht mam Klimateam hunn eng Informatiounsversammlung zum Thema Energie Gemeinschaften ofgehalen, déi gutt besicht war.
Am Kader vun dëser Versammlung sinn d’Grondlage vun enger Energie Gemeinschaft erläutert ginn: Wéi kann een sech als Bierger zesumme schléisse fir gemeinsam Stroum ze produzéieren an och ze notzen? Wei vill Aspuerunge kann een op der Stroumrechnung op laang Siicht erreechen? A wéi eng Schrëtt sinn dofir noutwendeg fir eng Energie Gemeinschaft ze grënnen?
Et huet sech als een äusserst interessant Thema fir d’Bierger eraus kristalliséiert an et si vill Froe gestallt ginn iwwer déi organisatoresch an technesch Aspekter. Besonnesch ass dass an eiser Gemeng en héicht Potential besteet duerch Photovoltaikanlagen op den Diecher.
Zum Ofschloss vun der Versammlung ass nach eemol betount ginn, dass eng Energie Gemeinschaft net nëmme reng finanziell Virdeeler mat sech bréngt, mee och dass ee wichtege Beitrag zum Klimaschutz geleescht gëtt an di regional Wäertschöpfung gestäerkt gëtt.
Wee sech weider iwwer dat Thema informéiere wëll, oder aktiv un enger Grënnung vun esou enger Energie Gemeinschaft matwierke wëll, kann sech ënnert dësem Link de Formulaire eroflueden, ausfëllen an un den Energiepark Réiden schécken.
📄Formulaire Communautés énergétiques