Photovoltaikanlag um Daach vun der Sportshal ageweit

De 25. Februar hunn déi Gemengeverantwortlech vu Konsdref an d’Kooperativ Energiepark Mëllerdall, a Presenz vun der Ministesch fir Ëmwelt, Klima a nohalteg Entwécklung, Carole Dieschbourg, an dem Minister fir Energie a Landesplanung, Claude Turmes, déi fënneft kollektiv Photovoltaikanlag vun der Kooperativ um Daach vun der Sportshal ageweit.

Wärend de Feierlechkeeten hunn esouwuel d’Buergermeeschtesch Edith Jeitz, ewéi och béid Regierungsvertrieder, mat Bléck op de Krich an der Ukrain betount, wéi wichteg et ass, an Alternativen zu de fossillen Energiequellen ze investéieren.

Zil vun der Kooperativ – där éischter an der Regioun – ass et, klima- an ëmweltfrëndlech Energie ze produzéieren. Si gouf 2020 vun enger Dosen engagéierte Bierger gegrënnt fir Projeten ze verwierklechen, déi d’Produktioun vun erneierbaren Energien, déi aus Sonneliicht, Biomass souwéi Wand- a Waasserkraaft gewonne ginn, an de Mëttelpunkt stellen. An der deemoleger éischter Informatiounsversammlung, déi Coronabedéngt eréischt siwe Méint méi spéit konnt organiséiert ginn, war den Interesse vun de Leit an hir Bereetschaft sech anzebréngen esou grouss, dat direkt véier Anlage konnte bestallt ginn. Dës ginn op den Diech vun de kommunale Gebaier installéiert, déi gratis zur Verfügung gestallt ginn.

D’Installatioun zu Konsdref op der Sportshal ass bis elo déi gréisst, déi vun der Kooperativ ëmgesat gouf, an ass zënter leschtem 26. Juli um Netz. Si ka bis zu 99 Kilowattstonne Stroum an dat ëffentlecht Netz aspeisen, wat dem Verbrauch vun 22 Stéit pro Joer entsprécht.

Der Kooperativ gehéieren eelef Gemengen aus dem Natur- a Geopark Mëllerdall un. Bis haut hunn 140 Bierger, dorënner 101 Bierger aus der Regioun, sech finanziell bedeelegt, esou dat den Energiepark d’Zomm vu 497.500 Euro investéiere konnt. An den nächste Méint sollen nach weider Anlagen an anere Membersgemengen a Betrib goen.

Dernière modification le 07.03.2022

Des articles de la même catégorie

Avis – Travaux dans la Route de Luxembourg

Avis – Travaux dans la Route de Luxembourg

Avis - Travaux dans la Route de Luxembourg   MITTEILUNG: „Route de Luxembourg“ in Consdorf für Durchgangsverkehr gesperrt Am Montag 18. Januar 2021 werden voraussichtlich die Infrastruktur-Arbeiten in der Route de Luxembourg (zwischen der Kirche und der Straße A...

lire plus